© CHANDAN KHANNA / AFP
Wéinst dem Doud um George Floyd am Mee 2020 muss den eemolege Polizist Chauvin aus den USA fir 22 Joer a sechs Méint an de Prisong.
22 Joer a sechs Méint ass d'Urteel vun engem Gericht a Minneapolis an den USA fir den Doud um George Floyd. Den eemolege Polizist Chauvin hat bei der Festnam vum Floyd säi Knéi ronn 9 Minutte géint dem Floyd säin Hals um Buedem gedréckt. Dobäi hat de Floyd no Loft geschnaapt an de Polizist ugefleet hien ootmen ze loossen. Nodeems de Chauvin net lass gelooss huet, ass de Floyd ohnmächteg ginn a kuerz drop gestuerwen.
D'Police hat de Floyd deemools festgeholl, well hie mat engem gefälschten 20-Dollar-Schäi soll bezuelt hunn.
Dëse Virfall war den Ausléiser vum internationale Black-Lives-Matter-Mouvement.