D'Areesen aus Portugal a Russland an Däitschland gëtt massiv ageschränkt. D'Bundesregierung huet béid Länner als Virusvariantegebitter agestuuft.

Wéinst dem Coronavirus stuuft Däitschland souwuel Portugal wéi Russland als Virusvariantegebitter an, sou d'Robert-Koch-Institut um Freidegowend. Wien aus Portugal oder Russland an Däitschland wëll kommen, muss zwou Wochen a Quarantän. Och wann een negativ getest, geimpft oder genesen ass.

Mat der Moossnam wëll déi däitsch Regierung d'Verbreedung vun der Delta-Variant vum Coronavirus bremsen. Gläichzäiteg ass Lëtzebuerg, Holland an Dänemark vun der Lëscht mat de Risikogebitter geholl ginn. Wien also an Däitschland areese wëll, muss keng weider Oplagen erfëllen.