Den US-Geheimdéngscht huet ee Rapport iwwer Ufo-Siichtunge vum Militär verëffentlecht.

Vun deenen 144 Dokumenter déi an engem Rapport iwwer Ufo-Siichtungen zesummegefaasst goufen, konnt een nëmmen een onbekannten Objet erklären. Fir all déi aner Objete konnt een nach keng Erklärung fannen.

Ausgewäert goufe Rapporte vum Militär vun 2004 un bis haut. Konkret Hiweiser op méiglecht ausserierdescht Liewe loossen sech awer keng an den Dokumenter fannen. Den Ermëttlunge vum amerikanesche Verdeedegungsministère geet et haaptsächlech ëm d'Fro, ob et sech bei deenen onbekannten Objeten ëm méiglech néi Technologië vu konkurréierende Staaten handelt.

RTL

© Handout / DoD / AFP