© Eldoradio
An engem Interview mat RTL huet de Premierminister annoncéiert dass déi éischt Impf-Invitatioune fir déi Mannerjäreg d’nächst Woch geschéckt ginn.
Vun nächster Woch un kréien déi Jonk ënner 18 Joer eng Invitatioun fir sech impfen ze loossen. Dat huet de Premier Xavier Bettel an engem Interview mat de Kolleege vun RTL confirméiert. Fir d’éischt sollen déi vulnerabel jonk Persounen drukommen.
Dem Premierminister no si bis ewell 220.000 Leit vollstänneg géint de Coronavirus geimpft. D’Impfzentere sollen dann och no a no zougoen an och d’Hausdoktere kënnen d’Impfunge geschwënn duerchféieren.