D’Police huet an der Nuecht op e Samschdeg eng Partie Leit misse stoppen déi ënner Alkoholafloss mam Auto ënnerwee waren.

Kuerz viru Mëtternuecht gouf en Accident tëscht 2 Autoen an der Rue du Bois um Lampertsbierg gemellt. De Chauffer war geflücht mee d’Police konnt hie méi spéit a senger Wunneng untreffen. Dem Chauffer säin Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn. Déi 2 Autoen haten en Totalschued.

No Mëtternuecht ass en Automobilist um Belval wéinst sengem Fuerstil opgefall, hie war vill ze séier ënnerwee an ass am Zickzack gefuer. An der Rue de l’Arbed gouf dëse vun der Police gestoppt. Hie war ënner Alkoholafloss an de Führerschäi gouf vun de Polizisten agezunn.

Géint 0h40 war och an der Rue Edison zu Diddeleng en alkoholiséierten Automobilist ënnerwee dee vun der Police kontrolléiert gouf. E Protokoll gouf an deem Fall ausgestallt.

No 4h00 gouf op der Kräizung tëscht der Rue de Soleuvre an der Rue Woiwer zu Déifferdeng en Auto gemellt deen um Trottoir an um Zebrasträife geparkt war. D’Polizisten hunn de Mann informéiert dass hien sech net op dëser Plaz parken dierf mee dësen huet d’Beamten net ausschwätze gelooss an ass sech méi wäit parke gaangen. Wéi d’Polizisten hie kontrolléiere wollte war de Chauffer net kooperativ an huet d’Beamte beleidegt. Hie gouf op de Policebüro bruecht. Säin Alkoholtest war deemno positiv. E Protokoll wéinst Beleidegung vu Polizisten a wéinst Fueren ënner Alkoholafloss gouf erstallt.