© Eldoradio
De Parquet huet eng Enquête géint déi bedeelegt Persounen an d'Weeër geleet. Ausserdeem enquêtéiert d'Inspection générale vun der Police géint ee Polizist.
Nodeems et am fréie Moie vun Nationalfeierdag an der Rue du Rost an der Stad zu engem Fall vu Rebellioun komm war, goufen elo zwou Enquêten an dëser Saach an d'Weeër geleet. Wéi RTL.lu schreift, hätt ee vum Parquet confirméiert kritt, dass wéinst Rebellioun géif enquêtéiert ginn. Dat fir ze kucken, ob Poliziste menacéiert an aggresséiert goufen.
Allerdéngs hätt d'Inspection générale vun der Police och eng intern Enquête géint e Polizist lancéiert. Dat fir ze klären, ob de concernéierte Beamten onproportional Mëttelen agesat an doduerch e Jonkem am Gesiicht blesséiert hätt.