All Mannerjäregen dee sech géint de Coronavirus wëll impfe loossen, wäert den Accord vu sengen Eltere brauchen.

Zënter e Méindeg goufe ronn 25.000 Invitatioune fir sech géint de Coronavirus impfen ze loossen un Jonker am Alter vun 12 bis 17 Joer verschéckt. Dat huet d'Santé géigeniwwer Eldoradio confirméiert.

Aktuell ass et dann och esou, dass déi 12- bis 17-järeg sech nëmme mam Vaccin vu BioNTech-Pfizer impfe loosse kënnen. Dësen ass nämlech deen eenzegen, dee bis ewell vun der Europäescher Medikamentenagence EMA den Accord fir den Asaz bei Mënschen an dëser Altersgrupp krut.

Allerdéngs dierf kee Mannerjäregen sech ouni Averständnes vu sengen Elteren impfe loossen. Konkret bedeit dat, dass entweder een Elterendeel mat op de Rendezvous an den Impfzenter goe muss oder, dass de Mannerjäregen en ënnerschriwwenen Accord, dass hien dierf geimpft ginn, mat op säi Rendezvous brénge muss.

Wéi de Gesondheetsministère géigeniwwer Eldoradio confirméiert huet, wäert et deemno esou sinn, dass e Jonken dee sech wëll impfe loossen, dat net maache kann, wann d'Elteren dat net wëllen.

Mer waren dann och eemol mam Mikro bei déi Jonk eraus an hu si gefrot, ob si sech elo géifen impfe loossen oder net.

Lauschtert hei d'Meenung vun deene Jonken: