An der Stad wollt en alkoholiséierte Chauffer virun der Police flüchten an zu Diddeleng ware 4 Leit mat engem Auto, deen net ugemellt war, ënnerwee.

Kuerz no Mëtternuecht e Mëttwoch de Moie war enger enger Patrull vun der Police en Automobilist um Salzhaff wéinst sengem Fuerstil opgefall. Wéi si de Chauffer doropshin op engem Parking an der Escher Strooss kontrolléiere wollten, war dëse mat héijer Vitess an Direktioun Hollerecher Strooss weidergefuer. D'Patrull hat den Auto kuerz drop bei der Hollerecher Kierch erëmfonnt. Wéi de Chauffer d'Beamte gesinn huet, war hien de verkéierte Wee duerch d'Hollerecher Strooss gefuer. D'Poliziste konnten de Mann schlussendlech an der Zéissenger Strooss stoppen. Et hat sech erausgestallt, dass hien ze vill Gedronk hat, dass géint hien e partiellt Fuerverbuet virlouch an dass säin Auto net richteg ugemellt war. Den Auto gouf doropshin op Uerder vum Parquet confisquéiert.

Schonns en Dënschdeg den Owend hat eng Persoun zu Diddeleng probéiert virun der Police ze flüchten.

En Dënschdeg am fréien Owend gouf der Police gemellt, dass e Grupp vu Leit op enger Grillplaz zu Diddeleng randaléiert hätten. Duerno wiere si mat engem Auto mat franséischem Nummereschëld an Direktioun Stadzentrum gefuer. Eng Patrull vun der Police konnt den Auto an der Keeler Strooss unhalen. Eng vun de Persounen, déi am Auto souzen, war doropshin zu Fouss geflücht. Déi aner 3 Persounen, déi am Auto souzen, goufe fir eng Kontroll mat op de Policebüro geholl. Déi geflücht Persoun gouf kuerz drop zu Diddeleng interpelléiert. Am Auto mat deem déi 4 ënnerwee waren, goufen iwwerdeems eng kleng Quantitéit Haschisch eng Wo an e Baseballschléier fonnt. Ausserdeem hat sech erausgestallt, dass den Auto net verséchert war an dass de Chauffer kee Führerschäin hat. Ausserdeem hat hien Droge consomméiert. Den Auto gouf doropshi confisquéiert.