© POOL/AFP/Archiv/Soeren Stache
Do kann een digital um Handy oder um Pabeier noweisen, ob ee geimpft, negativ getest oder vu Corona geheelt ass.
Vum 1. Juli un soll den EU-wäit eenheetlechen Impf-Noweis d’Reesen an Europa trotz Pandemie méi einfach maachen.
Den Zertifikat besteet aus engem QR-Code, deen een um Handy oder um Pabéier virweise kann. Den digitalen Noweis huet Informatiounen doriwwer, ob de Besëtzer geimpft ass, ob een aktuellt negatiivt Testresultat virläit, oder ob e schonn eng Corona-Infektioun iwwerstanen huet.
D’EU-Memberstaaten hunn zougeséchert, bei de Besëtzer vum Zertifikat op Quarantän- an Testflichten ze verzichten.
Fluchgesellschaften haten am Virfeld wéinst den noutwennege Kontrollen an den ënnerschiddleche Systemer vun den EU-Länner, viru méi laange Waardezäiten beim Check-in un de Fluchhäfe gewarnt.
Bis e Mëttwoch den Owend waren ausserdeem nëmmen 21 vu 27 Memberstaaten un d'Plattform ugeschloss. Et hunn nach Irland, Malta, Holland, Rumänien, Schweden an Ungarn gefehlt, esou heescht et.