© Eldoradio
En Automobilist hat an enger laanggezunner Kéier d'Kontroll iwwert säin Auto verluer.
Kuerz no 01h00 de Freideg de Moien hat en Automobilist an enger laanggezunner Rietskéier um CR123 tëscht Kolmer-Bierg a Kruuchten d'Kontroll iwwert säin Auto verluer. Den Auto war doropshi vun der Strooss ofkomm a viru Kruuchten am Gruef gelant. En Awunner, deen duerch de Kaméidi op den Accident opmierksam gi war, war op d'Plaz gaangen an hat de Rettungsdéngscht iwwert den Accident informéiert.
De Bäifuerer gouf beim Accident schwéier blesséiert an hat missen ass dem Auto gebuerge ginn. Hie gouf op der Plaz vum Noutdokter versuergt an duerno an d'Spidol transportéiert. De Chauffer vum Auto hat beim Accident nëmme liicht Blessuren dovu gedroen. D'Streck war wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart. D'Polizisten haten e Rapport vum Accident verfaasst.