Wéi et heescht, gouf d'Sichaktioun no Iwwerliewenden agestallt. Deemno konzentréiert een sech elo op d'Bierge vun de Läichen.

Zu Miami an den USA sinn d’Iwwerreschter vum Héichhaus gesprengt ginn, dat viru ronn 2 Wochen an e Koup gefall war. Wéi et heescht, wier d’Ruin geféierlech instabil gewiescht.
Am Ganzen sinn 28 Doudesaffer nom Ongléck gebuerge ginn. Iwwer 80 Mënsche ginn nach ëmmer vermësst.

No der Sprengung gouf elo d'Sichaktioun no Iwwerliewenden agestallt. Wéi et heescht gëtt sech elo op d'Bierge vu Läiche konzentréiert.