© Sécurité Alimentaire
De Produit kéint Spuere vu Mandelen enthalen, déi net op dësem senger Verpackung deklaréiert goufen.
De Kakuette-Botter an de Glieser vun 350 Gramm vun der Mark "Boni" gouf zeréckgeruff. Dat deelt d'Sécurité Alimentaire an engem Communiqué mat. Wei et an Dësem heescht, kéint de Botter Spuere vu Mandelen enthalen, déi net op der Verpackung deklaréiert goufen. Dës kéinte bei Allergiker onerwënschte Reaktiounen ausléisen. Fir Persounen ouni Allergien, wier de Botter allerdéngs onbedenklech.
De Kakuette-Botter gouf hei am Land am Colruyt verkaf.