E Mëttwoch am fréien Owend ass en hollännesche Motocyclist op der N10 déidlech verongléckt.

Wéi d'Police matdeelt war et kuerz viru 17h00 e Mëttwoch den Owend op der N10 zu engem déidleche Verkéiersaccident komm. Éischten Informatiounen no, war hei e Grupp vu 7 Motocyclisten zesummen ënnerwee. 2 vun hinnen haten sech wärend dem Fuere mat hire Motoen touchéiert. Ee vun hinnen, e 64 Joer alen hollännesche Staatsbierger, war doropshi mat sengem Moto an e Bam gerannt. Hie gouf bei dësem Accident schwéier blesséiert an ass nach op der Plaz gestuerwen. Op Uerder vum Parquet, war de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police op der Plaz. Weiderhin huet de Parquet eng Autopsie vum Verstuerwenen ugeuerdent.