© www.pixabay.com
De Kënschtler Dries Depoorter huet eng Aktioun lancéiert déi Politiker am flamännesche Parlament op hiert Behuelen opmierksam mécht.
Parlamentssëtzunge kënne scho mol laang ginn oder bis spéit an den Owend eragoen. Ma am flamännesche Parlament kënnt zënter kuerzem eng Software an den Asaz déi Politiker ënnert d’Lupp hellt wann se ze laang um Handy sinn.
Trëfft de Fall zou, lancéiert d’Software en Tweet wou deejéinege Politiker op enger Foto markéiert gëtt a gebiede gëtt opzepassen.
Dëst ass méiglech well all Debatten am Parlament am Livestream op Youtube enregistréiert ginn. Bannent e Puer Deeg hat d'Profil Dausenden Abonnenten ugezunn.
Allerdéngs ass dëst eng Aktioun vun engem Kënschtler. Den Dries Depoorter seng Wierker dréien sech alleguer ëm Digitalisatioun a kënschtlech Intelligenz wéi dëse Fall beweist.
Bis ewell huet kee vun den erwëschte Politiker sech ëffentlech zu de Virwërf geäussert.