© Eldoradio
No engem Fall vu Kierperverletzung am Stater Tram sicht d'Police den Ament no Zeien.
Den 22. Juni 2021 géint 23h30 gouf e Mann am Stater Tram op der Streck tëscht dem Kierchbierg an dem Arrêt Glacis Affer vun enger Kierperverletzung. Hie gouf hei vun e puer Persoune mat donkeler Hautfaarf attackéiert an am Gesiicht blesséiert. Nom Tëschefall waren d'Täter an eng onbekannten Direktioun geflücht.
Zum Zäitpunkt vun der Attack waren eng Rei aner Leit am Tram.
Am Zesummenhang mat dësem Tëschefall sicht d'Police den Ament no Zeien. Alleguerten déi relevant Informatiounen si fir d'Stater Police. D'Telefonsnummer ass 244 40 1000. D'Mailadress ass ''police.luxembourg@police.etat.lu''.