Den Educatiounsministère huet de Bilan vun der Situatioun vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeë gemaach.

Tëscht dem 28. Juni an dem 4.Juli goufen et am Ganzen 165 Fäll vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeën. Dat deelt den Educatiounsministère en Donneschdeg an engem Communiqué mat. Géigeniwwer der Woch virdrun ass d'Zuel vun de Fäll vum Covid-19 an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeën domadder ëm 132 geklommen.

142 mol hat et sech bei de Fäll vum Coronavirus an de Lëtzebuerger Schoulen a Lycéeën d'lescht Woch ëm en Zenario 1 gehandelt. Hei konnt mat Sécherheet festgestallt ginn, dass déi Betraffen sech baussent der Schoul ugestach haten an, dass et och net zu enger Iwwerdroung vum Virus ënnerhalb vum Schoulgebai komm war. D'lescht Woch war et an 32 Lycéeën, 32 Grondschoulen an an 2 Kompetenzzenteren zu engem Zenario 1 komm.

16 Fäll haten engem Zenario 2 entsprach. Hei goufe maximal 2 Persounen an der nämmlechter Klass positiv getest, woubäi net eendeiteg konnt nogewise gi wou si sech infizéiert haten. Dat war d'lescht Woch a 6 Lycéeën, 3 Grondschoulen an an 2 Kompetenzzenteren de Fall.

7 Fäll vum Coronavirus an de Schoulen a Lycéeën haten engem Zenario 3 entsprach. Hei goufen 3 bis 5 Betraffener an enger Klass gezielt, woubäi net eendeiteg bestëmmt konnt gi wou si sech infizéiert haten. D'lescht Woch war et an 2 Lycéeën an an enger Grondschoul zu esou engem Zenario komm.

D'lescht Woch war et a kengem Lëtzebuerger Schoulgebai zu engem Zenario 4 komm. Deemno gouf kee Fall gezielt, an deem et an engem Schoulgebai zu enger Iwwerdroung vum Coronavirus komm war.

Hei fannt dir weider Detailer:

COVID-19: Évolution de la situation dans les écoles luxembourgeoises entre le 28 juin et le 4 juillet 2021 (08.07.2021)

Communiqué par: ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Le bilan chiffré des élèves et enseignants testés positifs à la COVID-19 se rapporte à l’ensemble des établissements scolaires de l’enseignement fondamental/primaire et secondaire public et privé et des centres de compétences en psychopédagogie spécialisée situés sur le territoire du Luxembourg.

Dans la semaine du 28 juin au 4 juillet 2021:

  • On observe pour la première fois depuis le début du mois de mai une augmentation significative du nombre de cas, à relier à la reprise des activités de loisirs;
  • 142 cas positifs correspondant à un scénario 1 ont été dénombrés dans 32 écoles fondamentales, 32 lycées et deux centres de compétences (scénario 1: élève ou enseignant infecté à l’extérieur de l’école sans qu’il n’y ait eu une propagation du virus à l’école);
  • 16 cas positifs correspondant à un scénario 2 ont été constatés dans trois écoles fondamentales, six lycées et deux centres de compétences (scénario 2: deux cas positifs dans une classe avec une source d’infection incertaine ou vraisemblablement extérieure à la classe);
  • 7 cas positifs correspondant à un scénario 3 ont été identifiés dans une école fondamentale et deux lycées (scénario 3: trois à cinq cas positifs dans une classe);
  • Aucun scénario 4 n’est apparu.