© YouTube Screenshot
Vum 16. Juli u sollen nei Mesuren a Kraaft trieden. Dës ginn d'nächst Woch an der Chamber gestëmmt, a solle bis de 14. September gëllen.
Nom Regierungsrot hunn d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Vize-Premier Dan Kersch d'Press doriwwer informéiert wéi eng Corona-Mesuren d'Regierung der Chamber proposéiere wäert.
Dem Dan Kersch no, wier et virun allem ëm eng Harmoniséierung vun de Reegele gaangen. Am private Beräich solle sech zwar deemnächst méi wéi 10 Persounen treffe kënnen, dat awer nëmmen mat Covid-Check. Esou mussen Evenementer, bei deene méi ewéi 10 Leit am Privaten zesummekommen, dann och bei der Generaldirektioun vun der Santé ugemellt ginn, fir nom Regim vum Covid-Check funktionéieren ze dierfen. Weiderhin dierfen nëmmen nach Leit no Mëtternuecht bei engem Event mat Covid-Check dobäi sinn, wa se geimpft, getest oder nees gesond sinn. Hei sinn awer Tester gefuerdert, déi och offiziell zertifiéiert sinn. Ee Schnelltest dee selwer ausgefouert gouf, ass deemno no Mëtternuecht net méi valabel.
De Congé pour raisons familiales gëtt nach eemol verlängert, an dat bis de 14. September. Deen Dag ass net zoufälleg gewielt. Et wéilt een dëse Congé bewosst bis d'Schoulrentrée 2021-2022 verlängeren. D'Kanner- a Summeraktivitéite stinn dann och elo virun der Dier. Dës solle kënnen ouni Mask ausgeüübt gi wann ee sech dobaussen ophält. Wann een awer zu méi wéi 10 ass, a sech dobannen ophält, mussen d'Kanner nees hir Mask undoen.
70% vun de Persounen iwwer 18 Joer hei am Land sinn elo op mannst eemol geimpft ginn. De Moment läit Lëtzebuerg an der EU dann och op der 5. Plaz vun de meeschtgeimpfte Persoune par Rapport zu der Unzuel vun den Awunner. Och dëst ass wuel ee Grond, dass d'Situatioun an eise Spideeler esouwäit nach ganz entspaant wier, wéi d'Gesondheetsministesch matgedeelt huet. Och wann d'Zuele vun den Neiinfektiounen nees immens héich sinn, wier een awer frou ze gesinn, dass d'Zuel vun de Persounen am Spideeler net mat an d'Luucht gaangen ass.
Trotzdem sollen déi sougenannte Kräizimpfungen ënner bestëmmte Konditiounen och hei am Land méiglech ginn. Vun e Freideg u kënne Leit déi manner ewéi 55 Joer al sin an eng éischt Dosis vum Vaccin vun Astrazeneca krute sech melle fir eng zweet Impfung mat Moderna oder Biontech ze kréien.
Verschidde Leit, déi als vulnérabel gëlle, sollen eng drëtt Impfung kënne kréien. Dës Leit ze melle läit dann och bei den Dokteren. Esou sollen zum Beispill Leit déi immunsuppressiv Medikamenter huelen esou eng drëtt Impfung kënne kréien, well hire Kierper manner effikass doran ass eleng Antikierper opzebauen. Dat wieren zum Beispill Persounen déi rezent eng Organspend kruten. Eng allgemeng drëtt Impfung steet am Moment net zur Diskussioun.
An Zukunft soll d'Police och méi konsequent bei de Covid-Kontrollen duerchgräife kënnen. De Policeminister Henri Kox wäert op enger Pressekonferenz méi Detailer dozou ginn. Fir och géint Abusen am Nuetsliewen, respektiv am Horesca virzegoen, sollen d'Buergermeeschteren verstäerkt vun hire Kompetenze profitéieren. Dëst virun allem wann et ëm "Nuit blanche" geet. Wa Betriiber aus dëse Secteuren sech net un d'Mesureen halen an d'Police dowéinst intervenéiere muss, sollen d'Buergermeeschteren dëse Betriber d'Erlabnis fir eng Nuit Blanche entzéien oder verweigeren. Wann een Organisateur géint d'Gesetzer verstéisst, riskéiert en elo eng maximal Bestrofung vu 6'000 Euro amplaz vu 4'000 Euro.
Hei kënnt dir de Pressebriefing nach eng Kéier komplett kucken:
Hei fannt dir weider Informatiounen zu de Kräizimpfungen:
| Vaccination avec une combinaison de deux vaccins différents COVID-19 «mix&match» (08.07.2021) | |
| |
| Suivant les recommandations du Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI), le Conseil de gouvernement réuni en ce jour, a décidé d’adapter sa stratégie de vaccination de sorte à autoriser une vaccination hétérologue (appelée également 'mix and match'). En effet, les résultats de plusieurs études portant sur des personnes vaccinées selon un schéma mixte sont encourageants, même s’il n’existe pas encore à ce jour de donnée solide relative à l’immunogénicité d’une vaccination mixte, permettant à l’Agence européenne du médicament (EMA) de se prononcer formellement à ce sujet. Ainsi, à partir du vendredi 9 juillet 2021, les personnes de moins de 55 ans sans critère de vulnérabilité, qui recevront ou ont déjà reçu une 1re dose du vaccin Vaxzevria (anciennement AstraZeneca), auront une 2e dose de vaccin à ARN messager (Comirnaty de BioNTech/Pfizer ou Spikevax, anciennement Moderna). À noter, qu’il reste toujours possible de choisir de recevoir le vaccin Vaxzevria en 2e dose. Toujours selon les recommandations du CSMI, pour les personnes âgées de 55 ans ou plus, ainsi que les personnes âgées de 30 ans ou plus et appartenant aux catégories 2b, 3b, 4b ou 5b de la stratégie de vaccination, une vaccination entreprise avec Vaxzevria est poursuivie avec le même vaccin, selon un intervalle de 12 semaines. Par contre, pour les personnes ayant présenté un syndrome thromboembolique profond avec une thrombopénie suite à une 1re dose de Vaxzevria, et les personnes qui ont des antécédents de thromboembolie induite par l’héparine, et chez lesquelles une 2e dose du même vaccin est contre-indiquée, le schéma vaccinal peut être complété par une dose de Comirnaty ou Spikevax. Troisième dose de vaccin COVID-19 pour les personnes immunodéprimées Le Conseil de gouvernement suit également la recommandation du CSMI concernant la 3e dose de vaccin contre la COVID-19 chez les personnes immunodéprimées, et en particulier les patients transplantés. Comme l’indique le CSMI, pour certaines personnes ayant une immunité altérée, l’administration de deux doses de vaccin contre la COVID-19 n’est pas toujours suffisante pour entrainer une protection satisfaisante. Ainsi, une 3e dose de vaccin à ARNm (Comirnaty ou Spikevax) pourra être administrée aux personnes ayant reçu une transplantation d’organe ou de cellules souches hématopoïétiques, et aux patients sous chimiothérapie lymphopéniante, ou sous traitements immunosuppresseurs, selon un schéma à 0, 4 et 12 semaines (pour la 1re, 2e et 3e dose). La 3e dose peut également être administrée au-delà de la 12e semaine, en cas de rattrapage d’une vaccination antérieure. Le Luxembourg accorde une attention particulière à la surveillance renforcée de la sécurité et de l'efficacité des vaccins COVID-19 par le biais du système national de notification et met en œuvre tous les moyens pour garantir que la campagne de vaccination soit aussi sûre et efficace que possible tout en assurant une large couverture vaccinale. |