© Eldoradio
En Donneschdeg hat e Mann probéiert den Haaptsiège vun der Spuerkeess an der Stad ze iwwerfalen. D'Police konnt hien allerdéngs no kuerzer Zäit stellen.
En Donneschdeg am Nomëtte soll et zu engem versichten Iwwerfall op den Haaptsiège vun der Spuerkeess an der Stad komm sinn. Wéi d'Luxemburger Wort schreift, géif den Ament dowéinst e Policeasaz op der Place de Metz stattfannen. Op der Dier vum Gebai vun der Spuerkeess, géif den Ament e Schëld hänken, dass Dëst wéinst enger Evakuéierung zou wier.
Update: De Verdächtege gouf festgeholl
Wéi d'Police um Donneschdeg Nomëtte matdeelt, wier de presuméierte Bankraiber antëscht festgeholl ginn. Dëse wier géint 14h00 an den Haaptsiège vun der Spuerkeess gaangen, hätt d'Ugestallter menacéiert an si dozou opgefuerdert him Suen ze ginn. No der Dot war hien aus dem Gebai geflücht.
Direkt no der Dot hat d'Police eng Enquête an d'Weeër geleet. Doropshi konnt eng Patrull vun der Police de Verdächtegen nëmmen e puer Minutten no der Dot lokaliséieren a festhuelen. De presuméierte Raiber hat déi geklaute Suen nach bei sech. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. D'Police Judiciaire gouf mat der Enquête vum Tëschefall beoptraagt.