D'Leitungswaasser vum Heem ass den Ament mat Legionelle kontaminéiert.

D'Wunnheem fir d'Studente vun der Universitéit Lëtzebuerg um Lampertsbierg, wäert bis op Weideres zoubleiwen.  Wéi d'Universitéit op hirem Internetsite matdeelt, wier am Leitungswaasser vum Heem eng Kontaminatioun mat Legionelle festgestallt ginn. D'Studenten, déi am Heem liewe wäerten deemno an anere Gebaier ënnerbruecht ginn an d'Santé gouf informéiert.