© Pixabay
Am Kampf géint de Coronavirus verschäerft Portugal d'Virschrëften an Hoteller a Restauranten.
Portugal verlaangt an Zukunft fir Iwwernuechtungen an Hoteller een negative Coronatest, eng vollstänneg Impfung oder den Noweis dass ee geheelt ass. Freidesowes a Weekends sinn dës Noweiser och fir an de Restaurant ze goen am Banneberäich noutwenneg. Ënnert anerem zu Lissabon an zu Porto, esou d’Regierung. Ausserdeem gëtt et nuets eng Ausgangsspär. A Portugal sinn d’Infektiounszuelen an de leschte Wochen nees geklommen.