Zu Paräis gëtt eng nei Ära agelaut. Doduerch solle Vëlosfuerer a Foussgänger méi geschützt ginn.

Bal ganz Paräis soll geschwënn zu enger 30er Zon ginn. Déi nei Virschrëft soll vun Enn August u gëllen, heescht et der Paräisser Gemeng. Doduerch soll d’Sécherheet vu Foussgänger a Vëlosfuerer erhéicht, an den Autoskaméidi reduzéiert ginn. Wéi d’Noriichtenagence AFP mellt, soll d’Vitess-Limitatioun awer net fir all Beräich vun der Stad gëllen.