© Eldoradio
Trotz Pandemie hat d'ULC net manner Aarbecht am leschte Joer. Souguer éischter am Kontraire.
Op der Pressekonferenz vun der Union Luxembourgeoise du Consommateur gouf iwwert d'Joer 2020 gekuckt. Trotz der Pandemie gouf et vill Aarbecht fir d'ULC. Am Ganze sinn 15'031 Dossieren am leschte Joer era komm. Dat sinn der bal 4'000 Joer méi wéi nach am Joer 2019.
De Gros vun den Dossieren koum dann aus dem Bautesecteur oder dem Beräich vum Logement. Dëse ganze Beräich mécht der ULC iwwerhaapt vill Suergen. Allgemeng ass et d'Fuerderung un d'Regierung, mee och un d'Gemengen an d'Responsabel aus dem Secteur, méi Wunnengsraum ze proposéieren, deen och fir déi breet Bevëlkerung bezuelbar wier.
Och d'Entwécklung am Bankesecteur gëtt der ULC vill ze denken. Besonnesch de Refus vum Borgeld a verschiddene Geschäfter wärend der Pandemie wier virun allem net legal gewiescht. Ofgesinn dovun, dass de Consommateur doduerch géif gezwonge gi weider zum "gliesene Mënsch" ze gi wéi den Nico Hoffmann vun der ULC sot. Och d'Negativzënsen, déi deels bei lëtzebuergesche Banken applizéiert ginn, maachen der ULC suergen.