© SIP JULIEN WARNAND
Fir d'Lutte géint de Virus ze gewanne misst jiddereen säin Deel vun der kollektiver Responsabilitéit iwwerhuelen.
Fir d'Pandemie vum Coronavirus ze meeschtere misst een de Spagat tëscht dem preventiven an dem repressive Volet vun der Policeaarbecht fannen. Dat sot de Policeminister Henri Kox e Freideg de Moien am Kader vun enger Pressekonferenz.
Fir aus der Pandemie ze kommen, wier e kollektiven, gesellschaftlechen Effort néideg. D'Police wier wuel en Deel vun der Léisung, ma fir d'Lutte géint de Virus ze gewanne misst jiddereen säin Deel vun der kollektiver Responsabilitéit iwwerhuelen.
D'Police wier besonnesch am Kader vu groussen Evenementer dozou ugehalen ze kontrolléieren, dass sech un déi sanitär Mesure gehale gëtt. Ma och am Nuetsliewe missten d'Leit sech un d'Mesuren halen.
Wéinst der aktueller Entwécklung vun den Zuelen, géif Lëtzebuerg nämlech Gefor lafen am Ausland nees als Risikogebitt klasséiert ginn. De Minister wier awer optimistesch, dass een et packe géif, dass d'Zuelen nees no ënne ginn.
Dem Direkter vun der Police Administrative, dem Pascal Peters no, hätt d'Police bis de 14. Juni vun dësem Joer 22.200 mol kontrolléiert, ob sech un déi verschidde Mesure géint de Coronavirus gehale gouf. E Véierel vun de Kontrollen hat de Couvre-feu betraff. Am Kader vun dëse Kontrollen hat d'Police dann 8.600 Avertissementer a Convocatiounen ausgestallt. Weiderhin haten d'Beamten 740 Rapporte geschriwwen an un déi verschidden Autoritéite weidergeleet. Zanterdeem, d'Corona-Mesuren nom 14. Juli opgelockert goufen, huet d'Police iwwerdeems 170 Kontrollen duerchgefouert. 60 dovunner haten Etablissementer aus dem Horeca betraff. Am Ganze goufe 6 Avertissementer ausgestallt.
D'Police géif dann och Hiweiser, dass et op verschiddene Plazen net un déi aktuell Mesure gehale géif ginn, konsequent nogoen.
Zënter dem 14. Juni, hätt d'Police virun allem 2 Prioritéiten. Engersäits géif ee virun allem bei Evenementer kontrolléieren. Et wier wichteg, dass d'Police Presenz weise géif fir déi ëffentlech Uerdnung ze assuréieren. Déi 2. Prioritéit wieren d'Kontrollen am Horeca.
D'Aarbecht vun der Police géif iwwerdeems op 3 Achse berouen: Déi Éischt wier déi vun der Preventioun. Deemno géif een aktiv de Kontakt mat den Organisateure vun Evenementer siche fir si am Hibléck op déi verschidde sanitär Protokollen ze beroden. Déi zweet Achs wier déi vun der Kontroll. Dës géif am Kader vun den Evenementer an de Rassemblementer stattfannen. Déi drëtt Achs wier dann d'Interventioun falls et am Kader vun Evenementer zu Verstéiss géint d'Reegele komme géif. Hei géif d'Police fir d'Éischt ëmmer kucke berouegend ze agéieren.
Schliisslech ass et awer esou, dass d'Police keng fokusséiert Kontrollen am Private mécht. Hei géif ee virun allem intervenéieren, wann engem e Verdacht, dass d'Corona-Mesuren ignoréiert géife ginn, gemellt ginn. Wann d'Beamten dann op der Plaz Verstéiss géint d'Mesure feststelle géifen, géifen si e Rapport schreiwen an Dësen un déi zoustänneg Autoritéite weiderleeden.
De Police-Minister huet iwwerdeems betount, dass fir d'Final vun der Fussball-Europameeschterschaft e Sonndeg, méi Polizisten am Asaz wäerte sinn. D'Leit wäerten nämlech esou wéi fir Nationalfeierdag zesummekommen a feieren. Dëst misst onbedéngt am Respekt mat de Corona-Reegele stattfannen. Dat géif ee verstäerkt kontrolléieren, esou de Minister.