© Eldoradio
D'Beamte vun der Police konnten d'Persoun stellen. Et goufe keng Blesséierter.
Géint 14h30 e Freideg de Mëtte gouf der Police eng Persoun mat engem Messer an engem Akafszenter um Kierchbierg gemellt. D'Beamte konnten déi concernéiert Persoun op der Plaz stellen. Blesséierter goufen et hei keng.
Wärend dem Policeasaz waren d'Diere vum Akafszenter zäitweis zou. Mëttlerweil sinn se awer nees op.
Den Ament ass d'Police awer nach op der Plaz fir den Tëschefall ze ënnersichen. Deemno sollt een den Akafszenter aktuell nach evitéieren.
Update: Den Asaz ass eriwwer
Wéi et e Freideg am fréien Owend vun der Police geheescht huet, wier den Asaz antëscht eriwwer. Deemno géifen et keng Indice fir eng weider Gefor ginn.