E Freideg war eng Visitt vum neie "Stade de Luxembourg" fir d'Press a fir d'Chamberkommissioun. De 14. Juli ass den éischten Testmatch.

E Freideg gouf et eng Visitt am neie Fussball- a Rugby-Stadion fir d'Presse a fir d'Chamberkommissioun vun der Buergermeeschtesch vun der Stad, Lydie Polfer, a vum Sportminister Dan Kersch. Do gouf de Visuell vum Stadion presentéiert, deen ënnert anerem Spectateurssëtzer an de Faarwe rout, wäiss a blo opweist.

D'Visitt ass deemno e puer Deeg virum Fussball-Testmach vun zwou jonke lëtzebuergeschen Ekippen de 14. Juli ofgehale ginn. Bei deem Match soll iwwerpréift ginn, op d'Infrastrukturen an d'Technik funktionéieren, fir am Noutfall Saachen ze ajustéieren.

RTL

© VDL Phototèque / Charles Soubry

Am September dës Joer soll den éischten offizielle Match am neie Stadion sinn, dat mat engem UEFA-WM-Qualifikatiounsmatch tëscht Lëtzebuerg an Aserbaidschan den 1. September.

De Stadion ass konform mat den offiziellen Norme gebaut ginn, ënnert anerem no de FIFA/UEFA Normen (Stadion Kategorie 4) an den Norme vu World Rugby.

Am Dezember 2016 war de Projet vum Gemengerot gestëmmt ginn, dat fir e geschate Präis vun 60.358.250,00 €. De finale Präis läit bei 76.603.623,91 €.

RTL

© VDL Phototèque / Charles Soubry