© PATRICK HERTZOG / AFP
Biontech/Pfizer froen eng Zouloossung, fir Leit eng drëtte Kéier mat hirem Vaccin ze impfen. Eng ganz Rei Fuerscher halen dës Iddi fir ze fréi.
E Freideg hat d'Pharma-Entreprise Biontech/Pfizer ugekënnegt, an den USA an an Europa eng Zouloossung fir eng drëtt Impfung mat hirem Vaccin unzefroen. Biontech/Pfizer begrënnen d’Demande domadder, dass eng drëtt Impfung d’Antikierper vu geimpfte Mënschen däitlech erhéije kéint.
Wéi den däitsche Spiegel schreift, wier Biontech den Ament mat enger eegener Etüd amgaang, déi weise géif, datt d'Quantitéit vun den Antikierper sech mat enger drëtter Dosis vum Vaccin géif ëm dat 5- bis 10-facht erhéijen. Allerdéngs wieren dës Donnéeën den Ament nach net verëffentlech. Eng Partie Epidemiologen hunn dowéinst och virun der Iddi gewarnt, Et wier nach ze fréi, fir ze soen, op d'Leit sollten eng drëtt Dosis kréien, soulaang et keng wëssenschaftlech Etüde ginn.
Vun Ufank un hate Fuerscher domat gerechent, datt d'Quantitéit vun Antikierper géint de Coronavirus mat der Zäit e bësse fält. Et wier awer nach net kloer, ob dat och zu engem méi niddregen Impfschutz féiert. Och déi europäesch Medikamentenagence Ema huet sech e Freideg an déi Richtung geäussert.