© Eldoradio
Zu Wäicherdang bei Clierf koum et an de leschten Deeg zwee Mol zu engem Fall, wou Schof vun engem Hond gerass gi sinn. D'Police sicht no Zeien.
Wéi d'Police e Samschdeg matdeelt, koum et an de leschtern Deeg zu Virfäll, bei deenen zwee Schof op enger Wiss vun engem Hond gerass goufen. Den éischte Virfall war wahrscheinlech de 26. Juni, den zweeten tëscht dem 3. a 7. Juli.
All Informatioun ass fir d'Police vun Ëlwen:
Telefon +352 244 87 1000
Mail police.troisvierges@police.etat.lu