E Freideg de Moie gouf der Police e Mann gemellt, deen an engem Supermarché zu Bouneweg probéiert huet, ze klauen. Hie konnt fonnt ginn.

Wéi d'Police an engem Communiqué matdeelt, wier kuerz no 8 Auer e Mann gemellt ginn, deen an engem Bouneweger Supermarché wollt eppes klauen. Eng Persoun vum Personal hat de Mann dobäi erwëscht, wéi hie wollt Raséierkléngen a senger Jackett verstoppen. Doropshin huet de presuméierten Déif eng Fläsch op den Employé geheit an hien an d'Gesiicht geschloen. Dëse gouf liicht blesséiert.

De presuméierten Déif ass doropshin aus dem Buttek geflücht, konnt awer kuert drop vun der Police gestallt ginn. De Parquet huet eng Festnam ordonéiert an de Mann koum virun den Untersuchungsriichter. Iwwerdeems gouf festgestallt, datt de Mann eng "Interdiction de territoire" huet, datt hie sech also net legal hei am Land ophält. Et gouf eng Friemennotiz erstallt, déi un den Ausseministère weidergeleet gëtt.