E Freideg Owend koum et zu engem Abroch an engem Haus zu Steesel. Den Hausbesëtzer, deen am Ausland war, hat den Abroch iwwer Videoiwwerwaachung gesinn.

Wéi d'Police mellt, hat de Mann iwwer Videoiwwerwaachung gesinn, datt zwee Abriecher a säin Haus zu Steesel agebrach waren. D'Police konnt op der Plaz awer keng Abriecher méi fannen. Well si warscheinlech duerch d'Iwwerwaachungskamera gestéiert goufen, hu si nëmmen een Zëmmer duerchsicht. Op der Récksäit vum Haus war eng Fënster opgemaach ginn. D'Täter konnten net méi fonnt ginn.

Iwwerdeems mellt d'Police zwee Fäll, an deene Chauffeuren hire Permis hu missen ofginn. Eng Kéier war dat géint 18 Auer zu Déifferdeng de Fall. Hei ass de Chauffeur a Schlaangelinne gefuer, deelweis och um Trottoir an am Géigeverkéier. Beim Alkoholtest huet de Mann sech net kooperativ gewisen. Well den Test positiv war, huet hie säi Permis missen ofginn a krut eng Plainte.

Géint 20.30 Auer ass zu Schieren e Chauffeur géint eng Poubelle gefuer. Den Auto konnt kuerz duerno zu Luerenzweiler gestoppt ginn. Och hei gouf de Permis agezunn an eng Plainte erstallt.