D’Unzuel vun de Corona-Neiinfektiounen ass an deene leschten Deeg däitlech geklommen. An deem Kader huet déi hollännesch Regierung reagéiert.

Vun e Samschdeg un gëllen nees méi streng Corona-Moossnamen an Holland. Virun allem d’Nuetsliewen ass dovunner betraff. D’Diskoe mussen nees komplett zoumaachen. Déi hollännesch Regierung erkläert nämlech dass d’Hausse vun den Infektiounen op d’Nuetsliewen oder Partyen zeréckzeféiere sinn. Och wann een en negativen Test oder en Impfpass weise misst, mengt d’Regierung dass vill Leit mat gefälschten Dokumenter ënnerwee waren.

Deemno gëllt och nees eng Spärstonn fir de Secteur vun der Gastronomie. D’Restauranten an d’Caféë mussen tëscht Mëtternuecht a 6 Auer moies hir Dieren zoumaachen. Live Musek ass och verbueden. Evenementer ouni fest Sëtzplazen dierfen och net organiséiert ginn.

An Holland si ronn 40 Prozent vun der Populatioun vollstänneg geimpft. Zwee Drëttel krute schonn eng éischt Impfdosis. E Freideg goufe quasi 7000 Neiinfektioune bannent 24 Stonne gemellt. Dës nei Moossname solle bis den 13. August gëllen.