© CHARLY TRIBALLEAU / AFP
A Frankräich ass d'Summervakanz schonn am Gaangen, dowéinst ass d’Staugefor och massiv geklommen.
De franséische Verkéiersdéngscht "Bison Futé" huet e Samschdeg matgedeelt dass bis an der Mëttesstonn iwwer 1100 Kilometer Stau am ganze Land registréiert goufen. Dëst obwuel et recommandéiert gouf net direkt um Ufank vun der Vakanz lasszefueren.
All d’Haaptachsen am Süden an an de Küsteregioune ware vum Stau betraff. Zemools op der A7 tëscht Lyon an dem Mëttelmier mee och op der A10 tëscht Paräis an dem Südweste vu Frankräich ass et ganz lues viru gaangen.