D’EU-Kommissioun huet matgedeelt dass et genuch Impfstoff gëtt fir op d’mannst 70% vun den Erwuessene vollstänneg ze impfen.

D’Memberstaaten vun der Europäescher Unioun solle mat genuch Impfstoff versuergt ginn. D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet informéiert dass bis e Sonndeg ronn 500 Milliounen Impfdosisse verdeelt wäerte ginn. Am Ganze goufen 330 Milliounen Dosisse vu BioNTech/Pfizer, 100 Milliounen Dosisse vun AstraZeneca, 50 Milliounen Dosisse vu Moderna an 20 Milliounen Dosisse vu Johnson & Johnson geliwwert.

D’Kommissiounspresidentin huet deemno d‘Memberstaaten dozou opgeruff d’Impfcampagne ze verstäerken. Hiert Zil war et bis de Schluss vum Summer 70% vun den erwuessenen EU-Bierger ze impfen. Domadder hätt d’EU hiert Wuert gehalen, esou d’Ursula von der Leyen.