© JUSTIN TALLIS / AFP
A Groussbritannien gëllen nach ëmmer Corona-Reegelen um Sonndeg, Dag vun der EM-Finall tëscht England an Italien.
D’Londoner Police huet d’Fans gewarnt dass se sech net dierfen a grousser Unzuel an der brittescher Haaptstad versammelen. Et kann ee sech nämlech verstäerkt Kontrolle vun der Police erwaarden. Fussball-Fans sollen net op London kommen ouni en Ticket fir de Match oder fir d’Fan-Zone, oder ouni Bar- oder Club-Reservatioun dobäi ze hunn. D’Zil wier et dass jiddereen d’Finall vun der Europameeschterschaft a Sécherheet genéisse kann.
Am Wembley Stadion selwer gi 65 000 Zuschauer trotz Pandemie fir d’Finall tëscht England an Italien erwaart. Dat ass déi gréissten Unzuel un Zuschauer zënter dem Ufank vun der Pandemie.