© LUDOVIC MARIN / AFP
An Australien gouf deen éischten Doudesfall am Zesummenhang mam Coronavirus fir d’Joer 2021 gemellt.
E Samschdeg ass eng 90-järeg Fra zu Sydney un de Suitte vum Covid-19 gestuerwen. Dat hunn déi australesch Autoritéite matgedeelt. Nëmmen e puer Stonne virdru war d’Patientin positiv getest ginn. Et ass deen éischte Corona-Doudesfall vun 2021, bei deem de Patient sech an Australien selwer ugestach huet.
Donieft goufe 77 Neiinfektioune gemellt an et gouf eng Tendenz fir eng Hausse vun den Infektiounszuele registréiert. Virun zwou Woche gouf nees e Lockdown zu Sydney annoncéiert deen e Freideg, 16. Juli op en Enn komme sollt. Et wier awer ëmmer manner virstellbar dëse Lockdown opzehiewen, esou d’Autoritéite weider.
Bis Mëtt Juni waren d’Australier dëst Joer relativ verschount bliwwe mee d’Pandemie ass zanterdeem nees kloer present am Land. Nëmme ronn 10% vun den Awunner si vollstänneg géint de Coronavirus geimpft.