© PHILIPPE DESMAZES / POOL / AFP
De franséische President Macron soll sech e Méindeg iwwer d’Impfungen an d’Corona-Varianten äusseren.
A Frankräich kéinten nei Annoncen am Zesummenhang mat der Corona-Pandemie gemaach ginn. De President Emmanuel Macron wäert sech e Méindeg um 20h00 op der franséischer Tëlee äusseren. Fir d’éischt wäert hien déi sanitär Situatioun a Frankräich an an Europa uschwätze virun allem am Kontext vun der Delta-Variant déi sech de Moment iwwerall ausbreet.
Donieft sollen Decisiounen am Kader vun der Impfflicht vum Gesondheetspersonal annoncéiert ginn, grad esou wéi iwwer d’Extensioun vum sanitäre Pass. Ee wichtegt Thema soll och d’Verstäerkung vun de Grenzkontrolle sinn.