E Samschdeg den Owend war vill lass op eise Stroossen, deemno huet de CGDIS eng Rei Accidenter mat 6 Blesséierte gemellt.

E Samschdeg kuerz virun 18h00 stoung en Auto a Brand op der Autobunn A3 a Richtung Stad. Et gouf awer keng Persoun verwonnt. Géint 18h40 koum et zu Bieles an der Rue Henri Tudor zu enger Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

No 19h00 ass an der Heelt zu Ënsber en Automobilist an e Bam gerannt: ee Blesséierte gouf gemellt. Donieft huet de CGDIS eng weider Kollisioun gemellt, déi no 19h30 geschitt ass. Dës Kéier sinn zwee Autoen um CR377 tëscht Branebuerg an dem Këppenhaff anenee gerannt. Zwou Persoune goufe verwonnt. Kuerz virun 21h00 huet et zu Réiden an der Rue de Niederpallen tëscht engem Auto an engem Trakter geknuppt. Den 112 huet an deem Kontext 2 Blesséierter gemellt.