© Damien MEYER / AFP
A Spuenien an am Maroc ginn e Sonndeg ganz waarm Temperature vun de Meteorologen erwaart.
Wandstéiss aus der Sahara-Wüüst hunn eng speziell Situatioun a Spuenien an am Maroc ausgeléist. A Spuenien ginn e Sonndeg 45 Grad a ganzer 21 Departementer erwaart. De Rekord vu 47 Grad, deen 2017 zu Sevilla registréiert gouf, kéint gebrach ginn.
Am Maroc mussen d’Awunner esouguer mat 50 Grad rechnen. Nach méi héich Temperature kéinten e Méindeg gemooss ginn.