D’Police huet op Uerder vum Parquet an der Nuecht op e Sonndeg Alkoholkontrollen an der Stad duerchgefouert.

Dës Kontrolle goufen tëscht 22h45 an 23h45 an der Rue de Beggen; tëscht 00h45 an 01h45 an der Escherstrooss an tëscht 02h45 an 03h45 am Boulevard du Général Georges Patton duerchgefouert.

Am ganze goufen 209 Automobiliste kontrolléiert. An 13 Fäll war den Alkoholtest positiv. Et goufen deemno 9 Plainten a 4 Verwarnunge mat Geldstrof ausgestallt. 4 Permise goufen op der Plaz agezunn.

Weider Permise goufen agezunn

E Samschdeg géint 20h00 gouf der Police gemellt, dass zu Fréiseng Stroosseschëlder an enger Kräizung beschiedegt goufen. Déi Persoun déi dës Beschiedegungen ausgeléist huet, soll geflücht sinn. Kuerz duerno konnt d’Police den Automobilist erëmfanne well säin Auto beschiedegt war. Donieft huet de Chauffer alkoholiséiert gewierkt a gouf positiv getest. De Permis gouf agezunn, an eng Plainte gouf gemaach.

Kuerz virun 23h30 war eng alkoholiséiert Persoun zu Miersch gemellt ginn déi Clientë vun engem Lokal provozéiert hat a Stroosseschëlder duerch d’Géigend geschoss hat. Wéi d’Police op d’Plaz koum war dës Persoun grad am Gaange fortzefueren. Bei der Kontroll, huet d’Police de Führerschäin agezunn. Et gouf och eng Plainte wéinst Randaléieren a Beschiedegunge gemaach.

Géint 05h30 ass eng Automobilistin am Quartier vun der Stater Gare duerch hire Fuerstil opgefall. Bei der Kontroll hat d’Fra zwar e franséische Permis dobäi mee keng Versécherung, Vignette an Immatrikulatiounskaart. Donieft war hiren Alkoholtest positiv. D’Police huet e Fuerverbuet an eng Plainte ausgesprach.