Zu Bieles koum et e Samschdeg Owend zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Moto.

De Motocyclist gouf dobäi verwonnt a gouf an d’Spidol bruecht. D’Automobilistin gouf net blesséiert. Bei den Ermëttlunge vun der Police huet sech erausgestallt dass de Motocyclist kee gëltege Permis hat a reegelméisseg wéinst Fueren ouni Führerschäin opgefall war. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a säi Moto gouf saiséiert.

Festnam op der Stater Gare

Géint 22h00 gouf der Police e Samschdeg e Randaléierer op der Stater Gare gemellt. Bei der Kontroll huet de Mann eng Foto gewisen op där en franséische Formulaire fir eng Asylufro z’erkenne war. De Mann huet sech also illegal zu Lëtzebuerg opgehalen. D’Police huet och erausfonnt dass dëst Joer schonn eng "Interdiction d’entrer sur le territoire" géint de Mann ausgestallt gouf. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl.