© Johannes EISELE / AFP
De britteschen Entrepreneur Richard Branson wëll um Sonndegnomëtten an d'All fléien. Dofir hellt de 70-järegen un engem Testvol vu senger Firma deel.
Mat senger Firma Virgin Galactic ass de Branson direkte Konkurrent zum Amazon-Grënner Jeff Bezos. Béid wëllen sou séier wéi méiglech an d'All an d'Raumfaart fir Privatpersounen erméiglechen.
An ronn 90 Kilometer Héicht sollen d'Passagéier bei engem Vol de Sonnden am Nomëtte Schwéierlosegkeet erliewen an d'Krëmmung vun der Äerd kenne gesinn. De Branson bezeechent et als extrem wichteg ee Selbsttest ze maachen, ier Touristen an d'All dierfe fléien. Hien betount awer, dass hien sech keng Suerge wäert maachen.
Beim Branson sengem Vol huet eng anonym Persoun 28 Milliounen US-Dollar bezuelt fir mat dobäi ze sinn. De Branson wëll ab nächstem Joer och nach weider Weltraumtouristen an d'All bréngen. Domadder steet hien an der Konkurrenz zur Raumfaartfirma Blue Origin. Follgend Firma gouf vum Jeff Bezos gegrënnt. Dëse wëll den 20. Juli an d'All fléien.
Dem Branson seng Firma Virgin Galactic wäert de Start an d'All op hirem YouTube-Kanal als Livestream filmen an op hirer offizieller Homepage weisen. Dat Ganzt soll géint hallwer 5 eiser Zäit lass goen.