De Weste vun den USA ass momentan vu Bëschbränn an Temperaturen ëm 50 Grad geplot. A Kalifornien ass Läschwaasser aus dem Fliger nach an der Loft verdonst.

De Weste vun den USA kämpft mat Bëschbränn an enger neier Hëtztwell mat Temperaturen iwwer 50 Grad. Am Grenzgebitt tëschent dee Staaten Kalifornien a Nevada huet et op 222 Quadratkilometer gebrannt. Am Süde vu Kalifornien missten zwee Indianerstämm evakuéiert ginn. Am Norde vum US-Staat ware 1200 Pompjeeë géint de Bëschbrand am Asaz. Bei dëse Bëschbränn war d'Loft sou dreschen a waarm, dass Läschwaasser vum Fliger deelweis an der Loft verdréchent ass, iert et un d'Flame komm ass. D'Fonke vum Feier si bis zu 1,6 Kilometer wäit geflunn an hunn do nei Bränn ausgeléist. D'Pompjeeë waren net méi rechtzäiteg op der Plaz fir dat ze verhënneren.

Och aus anere Staaten an den USA gi Bëschbränn gemellt. Am Süde vun Oregons huet ee Feier op 311 Quadratkilometer gebrannt an am Staat Washington war ee Feier op 155 Quadratkilometer ausgebrach.

Bis ewell sinn zwee Pompjeeën em d'Liewe komm, well se mat engem Läschfliger erof gefall sinn.