© GIL COHEN-MAGEN / AFP
An Israel kennen Erwuessener mat engem geschwächtem Immunsystem nees eng Opfrëschimpfung géint de Coronavirus erhalen.
Déi drëtt Sprëtz no zwou reguläre Coronaimpfunge kruten zum Beispill Persounen, déi eng Organtransplantatioun haten oder déi ënnert enger Krankheet leiden, déi d'Immunitéit verklengert, sou den israelesche Gesondheetsminister Horowitz. D'Fro op déi ganz Bevëlkerung eng Opfrëschimpfung ka kréien ass net net entscheet.
Säit der Ausbreedung vun der Delta-Variant ass d'Zuel vun den Neiinfektiounen an Israel nees an d'Luucht gaangen.
Grad am Ufank war d'Impfcampagne an Israel ee groussen Erfolleg, wouduerch déi och international Opmierksamkeet op sech gezunn hat.