An der Belsch hunn Wëssenschaftler matgedeelt, déi éischte Kéier eng Infektioun vu zwou Coronavariante gläichzäiteg bei enger Persoun festgestallt ze hunn.

Bei enger 90-järeger Fra aus der Belsch ass déi éischte Kéier eng Duebelinfektioun opgetrueden. Dat deelt den Organisateur vun der European Congress on Clinical Micriobiology & Infectious Diseases (ECCMID), eng Foire fir Mikrobiologie an Infektiounskrankheeten, mat.

D'Fra, déi net geimpft war, war mat de Virusvarianten Alpha a Beta gläichzäiteg infizéiert an ass am Mäerz verstuerwen.