Wéi de CGDIS matdeelt, koum et um Sonndeg am Nomëtten zu e puer Accidenter, wou jeeweils eng oder méi Persoune blesséiert goufen.

De CGDIS mellt kuerz virun 3 Auer um Sonndegmëtten een accidentéierten Auto tëschent Waarken a Welschent. Hei gouf eng Persoun blesséiert an op der Plaz waren d'Ambulanz vun Ettelbréck, sou wéi d'Pompjeeë vun Ettelbréck an d'Pompjeeë vu Feelen.

Des Weidere kruten sech géint 15 Auer zu Dummeldeng ee Cyclist an ee Foussgänger ze packen. Dobäi sinn zwou Persoune blesséiert ginn an op der Plaz waren zwou Ambulanzen, wéi och d'Pompjeeën aus der Stad Lëtzebuerg.

Op der Route Nationale tëschent Useldeng an Iewerleng koum et géint hallwer 5 zu engem Accident, wou een Auto de Rampli geroden huet. Dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. Dat deelt de CGDIS um Sonndegnomëtteg mat an op der Plaz waren d'Ambulanz vun Ettelbréck an d'Pompjeeë vun Useldeng.