Um Sonndegowend konnte sech d'Italiener an der Finall géint England duerchsetzen. Domat ass Italien Fussball-Europameeschter.

Um Sonndegowend stoung e spannende Match um Programm. An der Finall vun der Fussball-Europameeschterschaft stoungen d'Englänner den Italiener géintiwwer.

An der éischter Hallschent hunn d'Englänner de Match dominéiert. Direkt an der 2. Minutt waren d'Englänner 1:0 vir duerch e Gol vum Luke Shaw.

Ma an der zweeter Hallschent konnt de Leonardo Bonucci an der 67. Minutt den Ausgläich decidéieren. Dobäi ass et och bliwwen an de Match ass an d'Verlängerung gaangen.

Déi ass relativ ausgeglach verlaf. Béid Säiten hunn sech näischt gegënnt. Esou ass et an d'Eelefmeteren gaangen.

Eng spannend Partie ass an den Eelefmeter op hiren Héichpunkt komm. Esou ass de Match 4:3 fir Italien ausgaangen.

Italien konnt de Match fir sech entscheeden a kann d'Coupe mat Heem huelen.