D'Police sicht no engem Chauffer dee sech no engem Accident an der Nuecht vum 11. op den 12. Juli sech duerch d'Bascht gemaach huet.

An der Nuecht vum 11. op den 12. Juli koum et an der route de Gilsdorf zu Dikrech zu engem Accident mat Materialschued.

De Chauffer vun engem onbekannten Auto krut e geparkten, groe Mazda 3 ze paken an huet dësen op der Bäifuerersäit beschiedegt. Den Automobilist ass ouni Informatiounen zeréckzeloosse geflücht.

All Info ass fir d'Police vun Dikrech/Veianen ënnert der Nummer +352 244 801000 oder per E-Mail police.diekirchvianden@police.etat.lu.