Um Sonndegnomëtteg goufe 4 Kanner zu Mutfert op enger Privatfeier blesséiert nodeems ee Wierbelstuerm ee Sprangschlass matgerappt huet.

Wéinst gudde Wiederkonditiounen haten d’Organisateuren ee Sprangschlass opgebaut. Nodeems ee Wierbelstuerm aus dem Näischt koum sinn d’Kanner déi am Sprangschlass ware mam Schlass ronderëmgeschleidert ginn a goufe blesséiert.

4 Kanner am Alter tëscht 5 a 9 Joer goufe fir weider Behandlungen an d’Spidol bruecht.

Op Nofro bei Meteolux konnt dat lokaalt Wiederphenomen als sougenannt "Kleintrombe" identifizéiert ginn.
Dëst Phänome kann net virausgesot gi souwéi och net vu Miessgeräter erkannt ginn.

Éischten Erkenntnisser no war d'Sprangschlass konform zu de Sécherheetskonditiounen opgebaut. De Parquet gouf informéiert an eng Enquête gouf lancéiert.