© Eldoradio
Um Méindegmuere koum et an der Stad zu engem méi uergen Aarbechtsaccident. Een Aarbechter ass mat der Plattform op där hie war, 15m an Déift gefall.
Kuerz virun 08:00 Auer ass en Aarbechter um Méindegmueren op enger Baustell an der rue de Neudorf op eng Plattform gaangen déi sech aus onbekannte Grënn geléist huet.
De Mann ass mat der Plattform ca. 15m an d’Déift gefall. Hien gouf schwéier blesséiert a gouf an d’Spidol bruecht.
De Parquet gouf informéiert an eng Enquête gouf lancéiert.