© Eldoradio
Et ass kee weidere Mënsch am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.
Vu 339 Tester um Sonndeg waren der 8 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Méindeg matgedeelt huet.
Iwwerdeems ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Virus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 819.
Am Moment leie 14 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 2 op der Intensivstatioun.
Antëscht sinn 267.429 Mënschen zu Lëtzebuerg vollstänneg géint de Coronavirus geimpft.