© AFP/File/Anthony WALLACE
A Frankräich mussen sech d'Leit aus dem Gesondheetssecteur verflichtend géint de Coronavirus impfe loossen. Dat selwecht huet Griicheland decidéiert.
A Frankräich gëtt eng Corona-Impfflicht fir d’Gesondheetspersonal agefouert. Dat huet de President Macron e Méindeg den Owend an enger Telés-Usprooch annoncéiert. All d’Mataarbechter vu Spideeler, Alters- a Fleegeheemer mussen sech deemno bis de 15. September géint de Coronavirus impfe loossen. Dat géif och kontrolléiert a sanktionéiert ginn, fir déi di sech net drun halen. De President Macron huet iwwerdeems ugedeit, dass sech och fir de Rescht vun der Populatioun d’Fro stelle géing, ob eng Impfung Flicht sollt ginn.
Och a Griicheland gëtt eng Impfflicht agefouert. Dës Flicht gëllt och hei fir d’Leit aus dem Gesondheetssecteur an der Altersfleeg. D’Impfflicht gëllt vu Mëtt August un fir d’Personal an den Altersheemer an Ufank September fir de ganze Gesondheetsberäich. Ausserdeem dierfe vun e Freideg un nëmmen nach geimpfte Leit a Baren, Restauranten an Theatere goen.